STRESS A MENTAL IWWERLAASCHTUNG VERSTOEN

Wat wierklech geschitt – a wat hëlleft

Stress gëtt dacks als eppes ugesinn, dat  een einfach muss „reduzéieren“ oder „managen“.

Dëse kuerze Cours geet en anere Wee: verstoen, wat Stress eis wëll soen, wéi Iwwerlaaschtung entsteet, a wat am Alldag wierklech hëllefräich ass. De Fokus läit op Verstoen a konkreten Hëllefsmëttel — keng Wonnermethoden, kee Leeschtungsdrock, keng Gruppentherapie.

Mëi Informatiounen:

Am Cours léiert Dir ënner anerem:

• wéi een tëscht nëtzlechem Stress, Iwwerlaaschtung an Erschöpfung ënnerscheet

• wéi eng psychologesch a kierperlech Mechanismen wierklech matspillen

• firwat verschidde “séier Léisungen” net laangfristeg funktionéieren

• wéi Dir Är perséinlech Zeeche vun Iwwerlaaschtung erkennt

• wéi Dir erëm Orientéierung a kloer Richtlinne fannt

• einfach Methoden fir Regulatioun (Ootmung, Opmierksamkeets-Verankerung, kognitiv Klärung)

• e praktescht Analys-Schema fir stressvoll Alldagssituatiounen

• wéi Dir Är Reaktiounen upasst amplaz géint de Stress selwer unzekämpfen

Approche vum Cours:

Pedagogesch Approche op Basis vu wëssenschaftlecher Psychologie an praktescher Erfarung.

Keng fäerdeg Rezepter — mee kloer Modeller a konkret uwendbar Instrumenter.

De Cours ass keng Therapie, mee e Raum fir Verstoen a Léieren.

De Cours riicht sech u Leit, déi:

• enger héijer mentaler Belaaschtung ausgesat sinn

• an enger Phase vu Verännerung oder Drock sinn

• hir eege Stress-Reaktioune besser verstoe wëllen

• an usprochsvollen Ëmfelder schaffen (Famill, Gesondheet, Educatioun, Management)

Äre Formateur:

Gilles Frédérick

  • Als Psycholog, Formateur an Intervenant an der applizéierter Psychologie, bidden ech Cours’en un, déi op d’Verstoe vu psychesche Mechanismen an hir konkret Uwendung ausgeriicht sinn.

  • Meng Approche verbënnt theoretesch Kloerheet, pedagogesch Erfarung a praktesch Instrumenter — ouni iwwerdriwwe Vereinfachungen an ouni “Wonner-Methoden”.

    Diploméierte Psycholog · Formatioun an analytescher (jungianescher) Psychologie · Practicien PNL

Nach ë puer wichteg Informatiounen:

Weini: Mëttwoch, 24. Februar 2026 18:00 – 20:00

Sprooch: Lëtzebuergesch (cours en français, voir ici)

Wou? Salle Crystal, Mondorf-les-Bains

Präis: 50 € (entweder per Iwwerweisung oder cash op der Plaz)

Grupp: limitéiert Plazen